InfoBedingungenDatenschutzKontakt
 
Wird aktualisiert
Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Veröffentlicht: 2025-12-18
© Poterkëscht
Poterkëscht vum INLL - QR Code
153 Folgen
Audio
Anhören auf Apple Podcasts
153 Folgen
Audio
Anhören auf Apple Podcasts
Veröffentlicht: 2025-12-18
© Poterkëscht
Aktuelle Folge
Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp

Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt. Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Tra
Länge: 6:26
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.
Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript Rezept Geméiszopp
A: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden.  
B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir? 
A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt! 
B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir? 
A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt. 
B: Ok. Wou sinn d’Saachen? 
A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo.  
B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären?  
A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis. 
B: Alles?  
A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen? 
B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden. 
A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???). 
B: Wat maache mir duerno? 
A: Duerno brauche mir en Dëppen. 
B: En Dëppe mat Waasser? 
A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un. 
B: Firwat? 
A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma. 
B: Ech verstinn. 
A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm. Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser. 
B: Wéini kënnt de Geméisküb dran? 
A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas. 
B: Ok. Wéi vill? 
A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen. 
B: An dann? 
A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi? 
B: Jo, ganz gär! 
A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg! 
B: Mmm, ech freeë mech schonn drop! 
A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin. 
B: Platt Waasser, wannechgelift. 
A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt. 
B: Gären! 
A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo. 
B: Fänke mir un? 
A: Jo!
Folgen-ID: 1000741786515
GUID: 1ba39a99-0d3f-4be0-ac4a-3df4275f0f7f
Erscheinungs­datum: 18.12.2025, 05:30:00

Beschreibung

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Apple Podcasts: Kundenrezensionen

Kein Eintrag